Bericht vum 3. Spilldag

Kee gudden Dag fir d´Keelefrenn

An enger ganz schwaacher Partie um 3. Spilldag an der Bezierksklass 1 verléieren d´Keelefrenn Oppen doheem  Hüttersdorfgéint mat 0:3 an
2741 zu 2732 Holz. Dobäi war d´Partie ganz gutt ugaangen. An engem
Virstart haten de Carlos dos Santos mat 706 Holz an säi Brudder José mat
697 Holz ganz gutt ugerappt. No 240 Glatzen war Oppen knapps awer verdéngt mat 17 Holz vir. Et war elo um Helmut Neu an um President hechstperseinlech d´Partie ze entscheeden. Awer et hat sollen alles ganz aneschters kommen. Den Helmut hat géint säi Spiller Alfred Pilger schonns 4 Holz verluer an de Frederic Becker huet eng katastrophal schlecht Leeschtung gewisen mat nemmen 661 Holz geint säi Spiller Elmar Thomé den mat 682 Holz d´0:3 Néierlag fir Oppen besigelt hat.
En Zesummeschnëtt vun der Partie ass wei ëmmer an der Video Sektioun ze gesinn. (oder direkt op you tube :  KF Oppen 1 – Hüttersdorf 5 )
E Sonnden spillt elo nach Reserven Equipe ze Britten. Hoffen mer dat elo nach Punkten eraussprangen.

Dieser Beitrag wurde unter Aktuelles, Spielbetrieb veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.